"An enger sympathescher Ambiance léieren"

Keen Zweiwel: et ass den Equipenzesummenhalt dee mécht, dass eis Mataarbechter mat esou vill Freed schaffe kommen. Dat ass en extrem wichtegt Element, wann een aus der Zefriddenheet vum Client seng Prioritéit mécht. De Chef a säi Stellvertrieder sinn net nëmmen do fir Uerderen ze ginn. Se mussen och oppassen, dass jidderee sech gutt spiert an an der Equipe kann evoluéieren. Dat gehéiert zu der Philosophie vu Renmans. 

Isabel, Angelduerf: "Meng Haaptmotivatioun fir all Dag schaffen ze goen? Déi formidabel Equipe, déi mir hunn. De Respekt géintiwwer de Kollegen an de Clientë spillt eng fundamental Roll. Ech sinn och houfreg drop, fir eng Metzlerei kënnen ze schaffen, déi der Auswiel an der Frëscht sou e grousse Stellewäert gëtt. Dës zwee Elementer si ganz kloer eis Haaptvirdeeler. Vun eise Produiten hunn ech e Faible fir de selwergemaachte Brot, wéinst sengem aussergewéinleche Goût a well e wierklech immens zaart ass."

"Ech hunn immens vill op der Aarbecht geléiert: Produite preparéieren a Fleesch schneiden, awer och mat menge Kollegen zesummeschaffen, permanent op d'Qualitéit an d'Sécherheet oppassen, d'Kontakter mat de Cliente geréieren... Also Aufgaben, déi iwwer d'reng technesch Kompetenzen, déi ee fir dës Aarbecht braucht, erausginn. Et geet hei ëm Selbstvertrauen a Professionalitéit. "

"Et interesséiert mech och regelméisseg nei Saachen ze léieren an an enger Organisatioun, déi esou grouss ass wéi Renmans, ass dat méiglech. En anere wichtege Punkt: mir hunn d'Chance e geniale Chef ze hunn, deen alles mécht fir dass d'Ambiance gutt ass. Wann ech an d'Metzlerei kommen a gesinn, dass jidderee gutt gelaunt ass a prett fir seng Äerm eropzestrëppen, da ka mäin Dag nëmme gutt ginn. An et deet immens gutt, e Client soen ze héieren, dass mir eng 5-Stären-Equipe sinn. "