BENOTZUNGSCONDITIOUNE VUM SITE

BENOTZUNGSCONDITIOUNE VUM SITE

JURISTESCH INFORMATIOUN

Dës Säit presentéiert d'Benotzungsconditiounen zu deenen Dir den Internetsite www.renmans.lu (am Folgenden de "Site") kënnt benotzen. Fir op dëse Site kënnen zouzegräifen an e kënnen ze benotzen, muss de Benotzer dës Benotzungsconditiounen ouni Virbehalt akzeptéieren, sou wéi se de Moment vum Zougang existéieren. Liest d'Benotzungsconditioune w.e.g. suergfälteg duerch, ier Dir de Site benotzt.

1. ALLGEMENG INFORMATIOUNEN

Den Internetsite www.renmans.lu gëtt geréiert vu Viande Luxembourg, déi hire Sëtz op 4, rue Henri Schnadt, L-2530 Lëtzebuerg huet an ënnert der Nummer xxxxxx enregistréiert ass (am Folgenden "Renmans"). Renmans kann op der Telefonsnummer +32 65 220 920 oder per E-Mail op infosite@renmans.lu kontaktéiert ginn.

Renmans, Direkter vun der Publikatioun, ass "Produzent" oder "Bedreiwer" vun dësem Site. All Persoun, déi op eng oder déi aner Säit vum Site zougräift ass "Benotzer" vun dësem Site.

Renmans kann dës Benotzungsconditiounen zu all Moment an ouni Preavis änneren oder aktualiséieren, ouni dofir de Benotzer mussen elektronesch z'informéieren. De Benotzer erkennt un an akzeptéiert, dass keng Indemnitéit, wéi enger Aart och ëmmer, him kann dofir accordéiert ginn an hie gëtt invitéiert, d'Benotzungsconditioune regelméisseg ze consultéieren, fir ze kontrolléieren, ob se geännert goufen. D'Ännerungen trieden deen Dag a Kraaft, op deem se publizéiert goufen a si vum Datum vun der éischter Benotzung un dem Benotzer géintiwwer wierksam.

2. ZOUGANG ZU A BENOTZUNG VUM SITE

De Site ass accessibel am aktuellen Zoustand, "en état", a jee no senger Disponibilitéit. Am Fall vun héijer Gewalt oder engem Evenement, iwwer dat Renmans keng Kontroll huet, behält Renmans sech d'Recht vir, den Zougang zum Site momentan z'ënnerbriechen oder ofzebriechen oder den Zougang z'änneren, ënner Virbehalt vu méigleche Pannen oder Maintenance-Interventiounen, déi néideg si fir dass de Site korrekt fonctionnéiert. Dës Interventioune kënne gemaach ginn ouni de Benotzer am Viraus doriwwer z'informéieren an ouni iergendeng Indemnisatioun fir de Benotzer. Renmans garantéiert weder de permanenten Zougang zu sengem Site nach den optimale Fonctionnement dovun. Renmans iwwerhëlt a kengem Fall Verantwortung dofir, wann de Benotzer keen Zougang zum Site huet an/oder de Site net ka benotzen.

Renmans engagéiert sech fir all néideg Moossnamen ze ergräife fir den Zougang, d'Consultatioun an d'Benotzung vum Site esou gutt wéi méiglech ze sécheren. De Benotzer confirméiert explizit, dass hien déi néideg Kompetenzen a Moyenen huet fir op dëse Site zouzegräifen an en ze benotzen an hien erkennt och un, dass d'Benotzung vum Site op säin eegene Risiko ass. De Benotzer ass eleng verantwortlech fir seng Benotzung vum Site. Hien ass eleng verantwortlech fir all Schued u sengem Computer oder Dateverloscht nodeems hien Inhalt vum Site erofgelueden huet oder de Site benotzt huet. Hie muss all adequat Moossnamen ergräife fir seng Daten an/oder Programmer virun der Contaminatioun mat Virussen, déi eventuell kënnen iwwer den Inhalt vum Site zirkuléieren, ze schützen.

D'Telekommunikatiounskäschten an aner Käschten am Zesummenhang mam Zougang zum Site a senger Benotzung iwwerhëlt exklusiv de Benotzer.

De Site ka Links zu Sitë vun Drëtten enthalen, déi net vu Renmans editéiert oder kontrolléiert ginn. Renmans iwwerhëlt keng Verantwortung fir den Inhalt, de Fonctionnement, d'proposéiert Servicer an den Zougang zu dëse Sitë vun Drëtten. De Link op dës Siten erlaabt et net, op iergendeng Kollaboratioun tëschent Renmans an dësem Drëtten ze schléissen.

De Benotzer engagéiert sech fir de Site net zu illegalen oder schiedlechen Zwecker ze benotzen an den Zougang zum oder den Inhalt vum Site net ze blockéieren oder änneren.

3. INHALT VUM SITE

Den Zweck vum Site ass et, allgemeng Informatiounen iwwer d'Produiten an d'Servicer vu Renmans ze liwweren. D'Informatiounen (virun allem d'Präisser vun de Produiten), déi um Site publizéiert sinn, ginn nëmmen zu Informatiounszwecker zur Verfügung gestallt a bedeite keen Engagement vu Renmans. Keng Informatioun um Site vu Renmans kann als Verkafsoffer vu Renmans ugesi ginn. Renmans behält sech d'Recht vir, den Inhalt vum Site an d'Informatiounen déi drop publizéiert sinn zu all Moment z'änneren an z'aktualiséieren, ouni dem Benotzer dofir mussen eng Notifikatioun ze schécken.

Renmans mécht alles fir de Benotzer korrekt an aktualiséiert Informatiounen um Site zur Verfügung ze stellen. Renmans engagéiert sech fir Feeler oder Omissiounen ze verbesseren, esoubal Renmans dovu Kenntnis huet. Renmans iwwerhëlt allerdéngs keng Verantwortung fir d'Präzisioun, d'Exaktheet, d'Aktualiséierung oder d'Vollstännegkeet vun den Informatiounen, déi um Site publizéiert ginn.

De Benotzer akzeptéiert, dass d'Produite liicht Ënnerscheeder par Rapport zu de Biller um Site kënnen hunn.

Souguer wann de Benotzer e Reservatiounsservice op Distanz, iwwer Telefon oder all anere Moyen, deen him zur Verfügung gestallt gëtt, benotzt, iwwerhëlt hie keng Obligatioun, wat fir enger Aart och ëmmer, am Sënn vun engem Kontrakt, deen op Distanz ofgeschloss gëtt, well de Kontrakt eréischt bei senger Visite an enger vun de Verkafsplaze vu Renmans ofgeschloss gëtt.

4.         GEESCHTEGT EEGENTUM

De Site a säi kompletten Inhalt (dat heescht seng Struktur, seng Grafikcharta an d'Elementer, aus deenen e besteet, dorënner och Texter, Kommentaren, Evaluatiounen, Illustratiounen, Biller, Zeechnungen, Modeller, Datebanken, Marken, Logoen, Dokumenter fir erofzelueden, Wueren, asw.) sinn op der ganzer Welt duerch Urhiewerrechter an aner Rechter vum geeschtegen Eegentum geschützt. Renmans ass den Titulaire vun dëse Rechter vum geeschtegen Eegentum oder huet d'Autorisatioun fir all dës Rechter ze notzen.

Renmans erlaabt et de Benotzer, den Inhalt vum Site op hirem Computer, Tablett oder Smartphone, fir hiren eegene Gebrauch ze visualiséieren, ënner Ausschloss vun all ëffentlecher Visualisatioun oder Diffusioun.

De Benotzer erkennt un, dass all Notzung (dat heescht all Reproduktioun, Adaptatioun, Kommunikatioun oder Distributioun un d'Ëffentlechkeet, ob komplett oder deelweis), aus wat fir engem Grond och ëmmer, vum ganze Site oder Deeler dovun, verbueden ass, wa Renmans dat net am Viraus schrëftlech erlaabt huet.

D'Extraktioun oder d'Weiderbenotzung vun der Gesamtheet oder engem substantiellen Deel, a qualitativer oder quantitativer Hisiicht, vum Inhalt vun enger Datebank sinn ouni Autorisatioun vum Produzent verbueden, genee wéi d'widderhuelt a systematesch Extraktioun oder Weiderbenotzung vun net substantiellen Deeler vum Inhalt vun enger Datebank, déi net der normaler Exploitatioun vun dëser Datebank entspriechen oder déi eng net justifiéiert Schiedegung vum Produzent vun der Datebank senge legitimen Interessien duerstellen.

All integral oder deelweis Duerstellung vun dësem Site duerch wéi eng Method och ëmmer, ouni explizit Autorisatioun vum Bedreiwer vum Site, stellt eng Fälschung duer an de Benotzer, deen Auteur vun dëser Fälschung ass, kann zu zivilrechtlechem Schuedenersaz an zu strofrechtleche Sanctioune veruerteelt ginn, zousätzlech zu den dréngleche Moossnamen, déi d'Gesetz virgesäit.

5. TRAITEMENT VUN DE PERSÉINLECHEN DATEN

Op ausdrécklech Autorisatioun vum Benotzer, sammelt Renmans verschidden Daten iwwer de Benotzer am Kader vu senger Benotzung vum Site. Dëse Punkt ass méi detailléiert an eiser Politik iwwer den Dateschutz beschriwwen, déi Dir iwwer dëse Link fannt.

Wat d'Cookies ubelaangt, gëtt de Benotzer informéiert, dass e Cookie automatesch kann op sengem Browser installéiert ginn wann hien de Site besicht. Als Rappel, e Cookie ass en Element, dat et net méiglech mécht, de Benotzer z'identifizéieren, mä dat benotzt gëtt fir Informatiounen iwwer d'Navigatioun vum Benotzer um Internetsite z'enregistréieren, virun allem op Basis vun der IP-Adress vum Benotzer senger Hardware.  De Benotzer kann dëse Cookie iwwer d'Astellungen a sengem Browser desaktivéieren.

E Banner informéiert de Benotzer iwwer d'Finalitéit vun dëse Cookies, déi kënnen explizit refuséiert oder akzeptéiert ginn. D'maximal Dauer vun dëser Autorisatioun ass 13 Méint.

 

Am Allgemenge kënnen d'Rechter am Beräich vum Dateschutz (Zougang, Ännerung, Rectificatioun, Läschung...) bei Renmans ausgeübt ginn.

6. DIVERS DISPOSITIOUNEN

D'komplett oder deelweis Nullitéit, Invaliditéit oder Inapplicabilitéit vun enger Dispositioun vun dësen allgemenge Konditiounen oder vun enger Klausel oder engem Deel vun enger Klausel bedeit net d'Nullitéit, d'Invaliditéit oder d'Inapplicabilitéit vun den aneren Dispositiounen, Klauselen oder Deeler vu Klauselen an huet och keen Afloss op d'Validitéit an d'Applicabilitéit vun den allgemenge Konditiounen am Ganzen. D'Parteien engagéiere sech fir d'Wierkunge vun dësen Dispositiounen, souwäit d'Gesetz et erlaabt, z'ersetzen oder ze limitéieren.

7. PLAINTE

Plainten oder Remarquen iwwer d'Benotzung vum Site a säin Inhalt kënne per Post u Renmans op d'Adress Viande Luxembourg, 4, rue Henri Schnadt, L- 2530 Luxembourg oder per E-Mail un d'Adress infosite@renmans.lu geschéckt ginn.

8. UWENNBAR RECHT AN ZOUSTÄNNEG GERIICHTER

Dës allgemeng Konditiounen ënnerleien dem lëtzebuergesche Recht.  Am Fall vun engem Sträit hunn d'Geriichter vu Lëtzebuerg exklusiv Kompetenz.

AKTUALISÉIERUNG

Datum vun der leschter Aktualiséierung: 23/04/2018