Cookie-Erklärung

1.    Wat si Cookien?

Cookië si kleng Dateien, déi op Ärem Computer gespäichert ginn, während Dir op Websäite surft. Se enthalen Informatiounen, déi mat engem Internetbrowser a mat der betraffener Websäit zesummenhänken. Cookië bestinn aus zwou Komponenten: dem Numm an dem Inhalt. Se ginn an engem bestëmmten Dossier op Ärer Festplatt gespäichert a kréien eng eemoleg Identifikatioun an eng Validitéitsdauer. Wann Dir op eng bestëmmt Websäit zeréckgitt, da kann dës Säit Iech mat Hëllef vum Cookie als Visiteur erëmerkennen an de Verlaf weiderféieren. Verschidde Cookië ginn automatesch geläscht, wann Dir d'Websäit verloosst; anerer bleiwen esoulaang op Ärem Computer, bis Dir se selwer läscht.

Cookië si keng aktiv, ausféierbar Software a dofir fir Äre Computer ongeféierlech. Se ginn och net ëmmer fir Reklamm benotzt. Cookië gi benotzt fir d'Benotzerfrëndlechkeet ze verbesseren: Visiteuren, déi duerch e Cookie identifizéiert sinn, brauchen net all Kéier nees déi selwecht Daten anzeginn, wéi d'Logindaten oder d'Bildschiermastellungen. Cookië ginn och benotzt fir d'Surfverhale vun de Visiteuren ze erfaassen. Wéi eng a wéi vill Säite gi besicht, op wéi engem Wee kënnt de Visiteur op d'Websäit a wéi laang bleift hien do? D'Websäit kann op der Basis vun dëse Resultater ugepasst ginn, sou dass d'Interessien an d'Besoine vun de Visiteure vum Site besser kënne berücksichtegt ginn. Zum Beispill andeems de Visiteure personaliséiert Informatiounen ugewise ginn.
 

2.    Wéi eng Zorte Cookië ginn et?

Allgemeng gëtt tëschent zwou grousse Gruppe vu Cookien ënnerscheet:

  • Cookië vum Éischtubidder: Dat sinn direkt Cookien. Se gi vun enger Websäit produzéiert, fir dass dëse Site besser ka fonctionnéieren. Se regelen den techneschen Aspekt vun engem Site, wéi d'Sproochauswiel oder d'Späicherung vu Produiten am Akafskuerf vun engem Onlinebuttek. D'Websäit, déi besicht gouf, produzéiert a placéiert d'Cookië vum Éischtubidder.
  • Cookië vun Drëttubidder: Dës indirekt Cookië gi vun enger anerer (drëtter) Partei wéi der besichter Websäit produzéiert an op Äre Computer gesat. Se erfaassen d'Verhale vun engem Internetsurfer. Beispiller heifir si sozial Medie wéi Facebook oder Twitter, awer och Google Analytics. Dat ass deen am heefegste benotzte System fir Visitte vu Websäiten ze moossen. Et si virun allem dës Cookien, fir déi d'Proprietairë vu Websäiten d'Internetsurfer ëm hiert ausdrécklecht Averständnes musse froen.
    D'Gesetz ënnerscheet net tëschent Cookië vun Éischtubidder a vun Drëttubidder. Nëmmen d'Averständnes ass hei entscheedend. Fir Cookien, déi fir de korrekte Fonctionnement vum Site noutwenneg sinn, ass keen Averständnes néideg. Fir all aner Cookien ass dat awer de Fall.

3.    Wéi eng Cookië benotze mir?

Mir benotzen esouwuel Cookië vum Éischtubidder wéi och vun Drëttubidder.
D'Websäite vum Grupp Renmans benotzen haaptsächlech Cookië vum Éischtubidder. Dës Cookië sollen eis dobäi hëllefen, Äert Benotzererliefnis um Site ze verbesseren. Dat maache mir, andeems mir bestëmmt Informatiounen iwwer de Benotzer enregistréieren, wéi zum Beispill d'Sproochwiel, d'Säiten, déi besicht ginn, d'Averständnes zur Uwennung vu Cookien an d'Dauer vun de Visitten. Fir eis Websäiten optimal benotzen ze kënne muss Äre Computer, Ären Tablet oder Ären Handy Cookien akzeptéieren.
Donieft benotzen d'Websäite vum Grupp Renmans och Cookië vun Drëttubidder: Cookië vu Google Analytics a Facebook-Pixel.

Google Analytics ass e gratis Service vu Google, mat deem Statistike vu Websäite kënnen erstallt an detailléiert duergestallt ginn. Den Administrateur vun der Websäit kritt esou e geneeën Iwwerbléck, ënnert anerem iwwer d'Flëss vun de Visiteuren, d'Quelle vum Besucherverkéier an d'Säitenopriff. Deeler vun enger Websäit oder komplett Websäite kënnen esou jee nom Verhalen a vun den Interessie vun de Visiteuren ugepasst ginn. Och aus dësem Grond benotzen d'Websäite vum Grupp Renmans d'Statistike vu Google Analytics.
Op eiser Websäit ass e Knäppchen (Pixel) placéiert, fir Reklamm fir Säiten ze maachen oder am Netzwierk vu Facebook deelen ze kënnen. Dëse Knäppche fonctionnéiert mat Hëllef vu Stécker Code, déi vu Facebook selwer kommen. Duerch dëse Code gi Cookië placéiert. Dorop hu mir keen Afloss. Liest dofir d'Dateschutzerklärung vu Facebook (déi sech vun Zäit zu Zäit kann änneren) fir ze wëssen, wat Facebook mat Ären (perséinlechen) Date mécht, déi mat Hëllef vun dëse Cookien traitéiert ginn.
Weider Informatiounen iwwer de Facebook-Pixel fannt Dir iwwer de folgende Link:
https://developers.facebook.com/docs/privacy/

4.    Wéi kann ee Cookië geréieren?

Dat kënnt Dir maachen, andeems Dir Är Browserastellungen upasst. Dir kënnt decidéieren, all Cookien ze blockéieren oder nëmme Cookië vu bestëmmte Websäiten ze akzeptéieren.
Ka sech d'Blockéieren op Äert reibungsloost Surfen op de Websäite vum Grupp Renmans auswierken? Jo an neen. Och wann Dir all - oder nëmmen eenzel - Cookië wëllt desaktivéieren, kënnt Dir op all eise Websäite surfen. Dir kënnt allerdéngs op verschidden, individuell ugepasst Charakteristike vun eiser Websäit nëmmen zougräifen, wann Dir Cookien akzeptéiert. D'Surfe verleeft grondsätzlech manner reibungslos, wann Dir all Cookië refuséiert. Verschidde (Deeler vun) Websäite fonctionnéieren dann net. An anere Wierder, et ass net ze recommandéieren, Cookië komplett ze blockéieren.
Hei fannt Dir en Iwwerbléck vun de Méiglechkeeten, déi Browsere bidden, fir Cookien ze geréieren.
Google Chrome
Maacht Äre Browser op. Klickt op de Chrome-Menü a wielt dono Astellungen. Klickt op Erweidert an dono an der Rubrik "Dateschutz a Sécherheet" op de Knäppchen Inhaltsastellungen. An der Rubrik "Cookies" kënnt Dir d'Cookie-Astellungen upassen a Cookië läschen.

  • Internet Explorer
    Maacht Äre Browser op. Klickt op Tools an dono op Internetoptiounen. Klickt op den Tab "Dateschutz" a wielt de gewënschten Niveau mat Hëllef vum Reglage. Dir kënnt dat och manuell upassen, andeems Dir op Erweitert klickt. Et gëtt ënnerscheet tëschent permanenten direkte Cookien (Cookië vun Éischtubidder), permanenten indirekte Cookien (Cookië vun Drëttubidder) an temporäre Cookien (Sessiouns-Cookien). Dir kënnt Cookië läschen an den Tools ënner Sécherheet an do Browserverlaf läschen.
  • Mozilla Firefox
    Maacht Äre Browser op. Wielt Dateschutz & Sécherheet. Stellt Firefox op Chronik no benotzerdefinéierten Astellungen uleeën an. Fir Cookien ze läschen, wielt Cookien a Websäit-Daten, Date verwalten an Ausgewielt läschen oder All läschen an Ännerunge späicheren. Fir Cookië bäizebehalen, wielt Ofbriechen. Firefox bitt Iech och d'Méiglechkeet, d'Cookië vun Drëtten (Cookië vun Drëttubidder) auszeschalten. Dir kënnt och astellen, dass Cookië beim Zoumaache vum Browser geläscht ginn. Markéiert dofir Cookien a Websäit-Date beim Zoumaache vu Firefox läschen.
  • Safari
    Maacht Äre Browser op. A Safari ass d'Cookie-Verwaltung an engem Bildschierm zesummegefaasst. Klickt an der Rubrik Astellungen op Dateschutz. Dono hutt Dir dräi Méiglechkeete fir Cookien ze akzeptéieren. Mat Gespäichert Cookien an Date läschen kënnt Dir Cookien och läschen.
  • Opera
    Maacht Äre Browser op. Klickt op de Menü Extras an dono op Astellungen/Preferenzen. Iwwer Erweidert an Dateschutz & Sécherheet passt Dir d'Cookie-Astellungen un. Dir hutt hei och d'Méiglechkeet, Cookien ënner Browserdate läschen läschen ze loossen. Dir hutt och d'Méiglechkeet, beim Opruff vu Websäiten de Suivi ze verhënneren. Dir maacht dat andeems Dir op Mat Browserzougrëff eng  „Do-Not-Track“-Uforderung senden klickt. All Kéier, wann Dir e Site besicht, gëtt dann dës Ufro un de Site geschéckt. 

Am Resumé:
Wann Dir Cookien ausschalt, musst Dir also domat rechnen, dass Dir eventuell manner Funktionalitéiten oder Benotzerfrëndlechkeet op eise Websäiten hutt.
Denkt och drun, dass en Drëtte seng eege Cookien, Tracking-Pixels oder ähnlech Technologie kann asetzen, wann Dir op seng Reklammen oder Links zu senger Websäit oder sengem Service klickt. Dës Cookie-Erklärung gëllt net fir Cookië vun dësen Drëttpersounen.

5.    Wéi laang späichere mir Cookien?

Déi meescht Cookië ginn nëmme fir déi betraffe Sëtzung ugeluecht a ginn dono (oder den nächsten Dag) nees geläscht. Déi längst méiglech Späicherdauer fir e Cookie ass 100 Deeg a gëllt nëmme fir Cookien, déi fir statistesch Informatiounen (iwwer Surfverhalen) benotzt ginn.

6.    Äert Recht op Dateschutz

A bestëmmte Fäll kënne Cookië perséinlech Date sinn, sou dass Dir als betraffe Persoun d'Recht op e gesetzeskonformen a sécheren Traitement vun dëse perséinlechen Daten hutt.  Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir an eisen Dateschutzgrondsäz.