D'Extra-Kaart

Wéi kréien ech eng Extra-Kaart?

Dir kritt d'Extra-Kaart an der Metzlerei, op einfach Ufro bei engem vun eise Mataarbechter. Dir kënnt se direkt benotzen.


Ass d'Extra-Kaart gratis?

Jo. Dir krit d'Extra-Kaart gratis an alle Renmans-Metzlereien.


Kann een d'Extra-Kaart benotzen ouni sech anzeschreiwen?

Jo. Dir profitéiert vun all de Basisvirdeeler vun der Kaart am Geschäft, dat heescht vun den Extra-Schecken a -Promotiounen. Mir roden Iech awer, Är E-Mail-Adress z'enregistréieren. Esou sammelt Dir méi séier Extra-Punkten a profitéiert vun nach méi Virdeeler.


Kann ech engem Member vu menger Famill meng Extra-Kaart léinen?

Jo, dat ass ouni Problem méiglech. 


Wéi laang hunn ech Zäit fir meng Extra-Kaart z'enregistréieren?

Et gëtt keng Limite fir den Enregistrement. Wann Dir d'Kaart net enregistréiert, profitéiert Dir nëmme vun de Basisvirdeeler vun Ärer Extra-Kaart.


Wéi gi meng perséinlech Donnéeë benotzt?

Wann Dir Är Kaart aktivéiert, froe mir Iech no e puer Informatiounen, wéi Ären Numm, Äert Geschlecht, Är Adress an Äre Gebuertsdatum. Mir benotzen déi Informatiounen dono fir Iech personaliséiert Offeren ze proposéieren. Är Informatioune ginn net un Drëttpersoune weiderginn. Äre Gebuertsdatum erlaabt et eis, Iech zousätzlech Extra-Punkte fir Äre Gebuertsdag z'offréieren. Mir informéieren Iech via Är E-Mail-Adress iwwer Promotiounen a Concoursen. An der Rubrik "Mäi Kont" kënnt Dir d'Newsletteren einfach geréieren oder desaktivéieren. 


Meng Punkte stinn net op mengem Keesenticket an/oder a mengem Kont um Internet, wou fannen ech se?

D'Extra-Punkten, déi Dir fir Extra-Promotioune kritt, déi bei de Promotiounen ugi sinn an an der Théik annoncéiert sinn, stinn ëmmer op Ärem Keesenticket. Fir dës Promotiounen dauert et heiansdo ee bis zwee Deeg ier Är Punkten am Historique vun de Punkten an der Rubrik "Mäi Kont" ugewise ginn. 

Fir d'Produite fir déi et eng personaliséiert Extra-Reduktioun gëtt, déi uewen op Ärer wëchentlecher Newsletter oder an engem separaten E-Mail annoncéiert ass, kann et véier Deeg daueren ier d'Punkten op Är Kaart gesat ginn an am Historique vun de Punkten op der Websäit siichtbar sinn. Se stinn net op Ärem Keesenticket. Wann d'Punkten op Är Kaart an op Äre Kont op der Websäit dobäigesat goufen, kritt Dir en E-Mail vun eis mat der Zuel vun de Punkten.


Ech hu meng Kaart verluer. Kann ech eng nei Kaart froen a se mat mengem Kont verbannen?

Kee Problem, adresséiert Iech un Äre Chefmetzler, deen Iech eng nei Kaart gëtt.  Wa mir d'Nummer vun Ärer aler Kaart hunn, behaalt Dir all Är Punkten a profitéiert weider vun de Virdeeler vun Ärer Extra-Kaart. Är nei Kaart kann direkt benotzt ginn. 


A wéi enge Geschäfter kann ech meng Extra-Kaart benotzen?

An alle Renmans-Metzlereien. Dir kënnt an alle Filiale vu Renmans zu Lëtzebuerg an an der Belsch vun eisem Spuersystem an eise Promotioune profitéieren. 


Wat soll ech maachen, wann ech meng Kaart net bei mer hunn, wann ech an d'Geschäft kommen?

Frot e Mataarbechter, e Stempel hannen op Ären Keesenticket ze maachen. D'Punkte gi bei Ärem nächsten Akaf op Presentatioun vun dësem Keesenticket dobäigesat. D'personaliséiert Offeren, déi Dir per E-Mail kritt, kënnen nëmmen accordéiert ginn, wann Dir beim Akaf Är Kaart weist. Et ass net méiglech dës Punkten dono dobäizesetzen.


Wéi kréien ech Reduktiounen?

All d'Reduktiounen, op dat normal Extra-Promotiounen oder personaliséiert Promotioune sinn, ginn automatesch an der Kees ofgezunn. Scannt Är Kaart an der Entrée wann Dir Är Nummer beim Ticketsautomat huelt (wann de Vendeur Är Nummer oprifft fir Iech ze zerwéieren, ass Är Extra-Kaart automatesch domat verbonnen) oder gitt dem Vendeur oder der Vendeuse Är Extra-Kaart wann Dir an Ärer Metzlerei bezuelt.


Ech hunn d'zousätzlech Extra-Punkten, déi ech fir mäi Gebuertsdag zegutt hunn, net kritt.

Hutt Dir an de sechs Deeg virun Ärem Gebuertsdag en Akaf gemaach? Wann dat de Fall ass, da kommen d'Extra-Punkten tëschent zwee a fënnef Deeg méi spéit un.


Ech well de Solde vu menge Punkte kucken.

Loggt Iech mat der Nummer vun Ärer Extra-Kaart (oder Login) an Ärem Passwuert an Äre Kont an (op www.renmans.lu) uewe riets op der Startsäit vum Site. Klickt op de Link "Meng Punkten" fir Äre Resumé an de Solde vun Äre Punkten ze kucken.


Wéi kann ech meng Donnéeën a meng E-Mail-Adress änneren?

Loggt Iech mat der Nummer vun Ärer Extra-Kaart (oder Login) an Ärem Passwuert an Äre Kont an (op www.renmans.lu) uewe riets op der Startsäit vum Site. Klickt op de Link "Perséinlech Donnéeën" fir dës ze aktualiséieren.

 

Hei fannt Dir d'allgemeng Konditioune vun der Extra-Kaart.