REGLEMENT EXTRA-KAART

REGLEMENT EXTRA-KAART

1. Dir kënnt Är EXTRA-KAART an alle RENMANS-Metzlereie benotzen. Är EXTRA-KAART gëtt an alle RENMANS-Metzlereien akzeptéiert.

2. D’EXTRA-KAART ass gratis, ouni Kafzwang, a kann un all Persoun iwwer 18 ausgehändegt ginn. De Client ass gebieden, sech am Internet op www.renmans.lu anzeschreiwen an e perséinleche Kont ze kreéieren. Soss behält RENMANS sech d’Recht vir, dës Ufro net auszeféieren. De Besëtzer vun der EXTRA-KAART verflicht sech, all Ännerunge vun den Informatiounen, déi hie matgedeelt huet, virun allem all Ännerunge vun der Adress a vun der E-Mail-Adress, direkt matzedeelen.
D’perséinlech Donnéeën, déi de Client matgedeelt huet, ginn op kee Fall vu RENMANS un Drëttpersoune weiderginn. Dës Informatioune ginn nëmme benotzt fir dass Renmans mat sengem Client ka kommunizéieren an him verschidde Promotiounsoffere ka proposéieren.
De Client kann och all Moment Renmans matdeelen, dass en d’Newsletter an/och d’perséinlech Promotioune wëll ofbestellen. E muss nëmmen dës Optioun iwwer säi perséinleche Kont ofwielen.
De Client kann all Moment Renmans matdeelen, dass een d’Extra-Kaart net méi wëll benotzen an dass all seng perséinlech Donnéeë sollen aus de Fichiere vun der Extra-Kaart vu Renmans geläscht ginn. E kann d’Demande iwwer d’Rubrik “Kontakt” op der Websäit www.renmans.lu maachen.

3. D’Extra Kaart ass perséinlech, kann net iwwerdroen an net mat aneren EXTRA-Kaarte mat enger anerer Nummer kumuléiert ginn. Si kann esou wuel op eng natierlech Persoun, wéi och op eng juristesch Persoun ausgestallt ginn.

4. D’EXTRA-KAART kann op kee Fall als Kreditkaart oder als Garantie benotzt ginn.

5. D’EXTRA-KAART bleift Eegentum vun de RENMANS-METZLEREIEN, déi sech ënnert folgender Adress zentraliséiert hunn: 216, Route de Luxembourg (Lëtzebuerger Strooss), L-3401 Diddeléng. D’RENMANS-METZLEREIE behale sech d’Recht vir, d’Ausstelle vun de Clientskaarten “EXTRA-KAART” oder d’Aktioun ze stoppen. D’Besëtzer vun der EXTRA-KAART kréien dann déi Punkten, déi si bis zu dësem Zäitpunkt gesammelt hunn, guttgeschriwwen.

6. Fir vun de Virdeeler ze profitéieren, muss d’EXTRA-KAART virum Ofschloss vun der Rechnung presentéiert ginn.

7. D’Virdeeler vun der EXTRA-KAART besti konkret aus dem Sammele vu Punkte pro Akafstranche, laut den Annoncë vun den eenzele Verkafsstellen.

8. De Géigewäert vun dëse Punkte gëtt folgendermoosse berechent: All Punkt huet e Wäert vun 0,01 € a gëtt op dem Akafswäert vu 4,00 € verginn. De Gesamtwäert vum EXTRA-SCHECK, dat heescht 4,00 €, ka bei der RENMANS-Metzlerei ageléist ginn. Den EXTRA-SCHECK ass 3 Méint gëlteg a kann nëmmen ënner Virweise vun der EXTRA-KAART an der RENMANS-Metzlerei ageléist ginn. D’RENMANS-Metzlereien, bei deenen een net ageschriwwen ass, awer akeeft, verginn d’Punkten am Optrag vun der RENMANS-Metzlerei. Handelt et sech ëm en Akaf an enger anerer RENMANS-METZLEREI, ewéi d’RENMANS-Metzlerei, an där de Client normalerweis akeeft, ass eng Frist vun 48 Stonnen néideg fir d’Comptabilisatioun vun de Punkten. D’RENMANS-Metzlereie behale sech d’Recht vir, zu jidder Zäit den Unitéitswäert vun de Punkten, ewéi och de Gesamtwäert vum EXTRA-SCHECK ze änneren. D’Ausbezuele vum EXTRA-SCHECK ass ausgeschloss.

9. Gëtt d’EXTRA-KAART méi laang wéi 2 Joer net méi benotzt, kann dës annuléiert ginn. Ass dëst de Fall, sinn déi Punkten, déi bis zu deem Zäitpunkt gesammelt goufen, verluer. Wann de Client nees vun de Virdeeler vun der Extra-Kaart wëllt profitéieren, muss en eng nei Kaart an enger Renmans-Metzlerei froen a sech nei op www.renmans.lu aschreiwen.

10. Gëtt d’EXTRA-KAART verluer oder geklaut, kann eng nei Kaart no Ausfëlle vun engem Umeldeformular an enger RENMANS-Metzlerei ugefrot ginn. De Formular kann och um Site www.renmans.lu erofgeluede ginn.

11. D’RENMANS-Metzlereie behale sech d’Recht vir, am Fall vun net legalem Benotze vum System, all EXTRA-KAART ze entwäerten, ofgesinn vun enger Uklo virum Geriicht. Am Fall vun enger Kontroll ass eng Carte d’Identité virzeweisen.

12. Triede Problemer beim Benotze vun der Kaart op, kann de Besëtzer vun der EXTRA-KAART d’Telefonsnummer 00800/1900-2000 uruffen oder sech schrëftlech un de CENTRE RENMANS iwwer d’Säit www.renmans.lu oder per Bréif un d’folgend Adress: 216, route de Luxembourg, L-3401 Diddeléng, wennen. Hei gëtt da versicht, esou schnell wéi méiglech de Problem aus der Welt ze schafen, ouni dass Schuedensuspréch gestellt kënne ginn.

Wann den Titulaire vun der EXTRA-Kaart der Meenung ass, dass seng Privatsphär doduerch verletzt ginn ass, dass seng Daten am Kader vum Extra-Fidelitéitssystem vu Renmans weidergi goufen, kann hien eng Plainte bei der nationaler Dateschutzkommissioun maachen.

13. De Verwalter vun der Datebank fir d’EXTRA-KAART ass S.A. BRABHOLD, Grand’Place 2 zu St. Symphorien (7030) Belsch.

14. D’RENMANS-METZLEREIE behale sech d’Recht vir, dës Allgeméng Konditiounen ze änneren, ouni datt de Member Recht op iergendeng Indemnitéit huet. Wann de Member déi nei Konditiounen net akzeptéiert, kann hien ouni weider Formalitéiten dem Centre Renmans matdeelen, dass seng Memberskaart soll annuléiert ginn.

D’Benotze vun der EXTRA-KAART gëtt no dësem Reglement an nom lëtzebuerger Recht gehandhaabt. Am Fall vun engem Litige, ass nëmmen d’Geriicht vu Lëtzebuerg kompetent.