E Festiesse fir d'Joresenn

Kee Silvester ouni Feier! Fir Chrëschtdag an Neijoersdag engagéieren eis Mataarbechter sech zu 200% fir dass Dir wonnerschéin an authentesch Fester kënnt erliewen. Vu preparéierte Menüen zu klassesche Platen, iwwer d'traditionell Dinde. Gutt Rotschléi an Inspiratioun net ze vergiessen. 

D'Hektik vun de Feierdeeg!

Dezember ass DÉI Period, wou all d'Membere vun der Famill sech ronderëm e schéinen Dësch versammelen. Bei Renmans ass et traditionell dee Mount vum Joer wou jidderee muss mat upaken. Mir hu vill ze dinn, mä et ass an deene Momenter, wou den Equipenzesummenhalt triumphéiert. Eis Mataarbechter fanne och, dass et déi agreabelst Period vum Joer ass, well d'Clientë gutt gelaunt sinn.

Op d'Mooss

"Ech preparéieren immens gär d'Bestellunge fir d'Feierdeeg", erzielt eis d'Sandrine, Vendeuse zu Sandweiler. "Ze wëssen, dass mir zu enger flotter Feier bäidroe gëtt engem och enorm vill Satisfaktioun. A wann d'Clienten no de Feierdeeg erëmkomme fir eis Merci ze soen, dann ass dat d'Kréinung". D'Clientë kënnen d'Plate ganz no hire Preferenzen a jee no der Zuel vu Gäscht preparéiere loossen. 

Preparatioun op der Plaz

Zum Beispill en Teppanyaki mat Schwéngefleesch, Int, Rëndfleesch, Dinde a klengen Hämmelscouronnen. Oder e Gourmet-Plateau mat de beschte Stécker Fleesch a panéierte Spezialitéiten. Fir d'Fondue hutt Dir d'Wiel tëscht Gefligel, Schwéngefleesch a Rëndfleesch, garnéiert mat engem Assortiment aus klenge Bouletten, asw. Am Resumé: mir këmmeren eis vun A bis Z ëm Äert Festiessen, fir dass d'Fester net nëmme flott, mä och lecker sinn! "