Moert Fleesch mat vill Goût

Et zirkuléiere vill falsch Iddien iwwer d'Fett, dat am Fleesch enthalen ass. Dëst ass awer éischter eng Quell vu Goût, wéi e Grond, aus deem een zouhëlt. D'Fett mécht de Goût, d'Zaartheet an d'Säftegkeet aus. Well d'Quantitéit vu Fett enorm jee no der Zort vu Fleesch variéiert, ass et méiglech, dat ze wielen, dat perfekt un Äre Liewensstil adaptéiert ass. D'moert Fleesch huet dofir awer net manner Goût!

Ënner moerem Fleesch versti mer déi Zorte Fleesch, déi manner wéi 10 Gramm Fett pro 100 Gramm enthalen. Beispiller? E Filet mignon vum Schwäin ass esou moer wéi Pouletsfleesch a wéi Rëndfleesch a Kalleffleesch (ongeféier 2 g Fett pro 100 g). Gebrode Schwéngefleesch, moer Schwéngscarbonnade an eng moer Schwéngskotlett enthale respektiv 4, 6 a bal 10 g Fett pro 100 g. Moert Fleesch enthält och éischter (gesond) mono net saturéiert Fettsaiere wéi saturéiert Fettsaieren.

D'Rëndfleesch vu Renmans ass och moer. E moere Bifdeck, en Tournedos an e Rosbif enthale manner wéi 3 g Fett pro 100 g Fleesch. D'Rëndsgehacktes an eng Entrecôte enthale respektiv 5 an 9 g Fett pro 100 g. D'Kalleffleesch ass normalerweis och moer oder souguer ganz moer. E Kallefsbrot enthält grad emol 1 g Fett, während eng Kallefskotlett a gebrode Kalleffleesch net emol 2 g pro 100 g enthalen. 

Classement vun der Universitéit vu Louvain (aus der Websäit "Sech während der Schwangerschaft ernieren"): 

  • Ganz moer: 0 – 5 g Fett/100 g 
  • Moer: 6 – 10 g Fett/100 g 
  • Mëttel fetteg: 11 – 20 g Fett/100 g 
  • Fetteg: 21 – 30 g Fett/100 g
  • Ganz fetteg: > 30 g Fett/100 g