Eise Service

Liwweren d'Renmans-Metzlereien heem?

Neen. Mir sinn net equipéiert fir Liwwerungen doheem ze maachen. Mir hu keng gekillt Gefierer a kënnen dofir d'Killketten net fir den Transport bis bei Iech heem garantéieren.


Wéi kann een an de Geschäfter bezuelen?

Dir kënnt boer bezuelen, per Bancomatskaart a per Chèque-Repas. All d'Geschäfter akzeptéiere Kreditkaarten. 


Ass et méiglech, eng Bestellung opzeginn an d'Artikele méi spéit sichen ze kommen?

Jo, absolut. Gitt Är Bestellung iwwer Telefon op oder direkt bei engem vun eise Mataarbechter an der Metzlerei, spéitstens den Dag virun der Liwwerung. Wann Dir Är Bestellung siche kommt, dann dréckt op de Knäppchen "Séier Bestellung" an ee vun eise Mataarbechter këmmert sech esou séier wéi méiglech ëm Iech.  Maacht mat eise Mataarbechter eng Auerzäit fir d'Ofhuelen aus, déi Iech passt.


Ech hunn eng Bestellung opginn, awer ech wëll nach eppes dobäi kafen, wann ech d'Saache siche kommen, ass dat méiglech?

Natierlech! An deem Fall biede mer Iech awer en Ticket ze huelen an Ären Tour ofzewaarden, aus Respekt virun den anere Clienten.


Ass et méiglech, Produiten ze kafen, déi a Vakuum agepaakt sinn?

Neen, mir pake kee Produit a Vakuum an.


Kann een iwwer Internet bestellen?

Är Bestellung an dräi etappe. MÉI INFORMATIOUNEN


Verlount Dir Apparater fir Fondue, Raclette, asw.?

Neen, mir verloune keng Apparater.


U wie muss ech mech wenne fir Sponsoring oder Tombolalousen?

Mir kréien esou vill Ufroe fir Sponsoring, dass mir leider net dorop kënnen äntweren. Mir kënnen Iech awer verschidde Louse fir Tombolaen zur Verfügung stellen. Maacht Är Ufro dofir w.e.g. iwwer de Kontaktformular op eisem Site.


Proposéiert Dir Reduktiounen am Kader vun der Organisatioun vu Fester?

Eis allgemeng Konditioune fir de Kaf vu grousse Quantitéite sinn disponibel op eiser Websäit ënnert der Rubrik Promotiounen. Wann d'gewënscht Quantitéite wäit iwwer de Quantitéite leien, déi um Site mentionéiert sinn, da kënnt Dir eng Ufro iwwer de Kontaktformular maachen oder eis um 00 800/1900 2000 uruffen.


Accordéiert Dir Reduktioune fir Jugendorganisatiounen? 

Jo. Mir accordéieren de Jugendorganisatiounen zousätzlech Virdeeler. Schéckt eis Är Ufro iwwer de Kontaktformular oder rufft eis op den 0800/90 002 un.