Den zaartste Rosbif

De Rosbif (op englesch "roast beef", gegrillt Rëndfleesch) ass e grousst Stéck Rëndfleesch, dat aus dem Rumsteak oder dem Faux-Filet, der Noss, der Plate-Cuisse, der Balle d'Épaule oder der Pièce levée geschnidde gëtt. Äre Metzler liwwert Iech de Rosbif prett fir gebroden ze ginn, ouni Sehnen, Membranen oder Fett. De Rosbif gëtt normalerweis bausse gutt gebroden, mä banne bluddeg gelooss. 

 

  • Huelt de Rosbif aus dem Frigo a loosst e bei Zëmmertemperatur leien (mindestens eng Stonn am Viraus).
  • Huelt eng (gosse) Pan, déi bal genee esou grouss ass wéi d'Fleesch.
  • Maacht Salz a Peffer ënnen an uewen op d'Fleesch. 
  • Loosst Botter an der Pan op héijer Temperatur schmëlzen.
  • Loosst de Rosbif während zwou bis dräi Minutten op all Säit brong ginn.

 

 

  • Setzt Äre Rosbif während 10 Minutten an de Schäffchen, deen op 220 °C virgehëtzt ass. Klengen Tuyau: gesitt 25 Minutte pro Kilo Fleesch vir.
  • Dréint d'Fleesch ëm a loosst et während 10 Minutten op enger méi niddreger Temperatur, dat heescht 160°/180°, weider broden.
  • Huelt d'Fleesch aus dem Schäffchen a loosst et während 5 bis 10 Minutten an Aluminiumspabeier stoen.
  • Fir sécher ze sinn, dass d'Fleesch perfekt gebroden ass, kënnt Dir d'Temperatur bannendra mat engem Kichenthermometer kontrolléieren. Bei 48 bis 51 °C ass d'Fleesch gutt bluddeg, e bësse méi gebroden tëschent 51 a 54 °C.